Haut stelle mer déi nei Single "Shut Off The Lights" vun der Band Bastille vir.

Fakten:

Déi brittesch Indie-Rockband Bastille huet mat "Shut Off The Lights" hir neiste Single released. An dëser Single beschreiwen si, dass déi modern Welt ëmmer méi vun der Elektronik an den digitale Maschinnen dominéiert ass. Am Lidd sangen si vun enger Bezéiung, an der sech déi zwee Mënsche wëllen dem Digitalismus entzéien an sech rëm op déi mënschlech Wäerter wéi Léift, Zouneigung an Intimitéit wëlle konzentréieren. Si sangen zum Beispill: "Shut of the Lights, we don't need them to dance"

Aussergewéinleches:

"Shut Off The Lights" ass schonn déi véiert Single, déi d'Band Bastille vun hirem neien Album released hunn. Am Oktober 2021 haten déi véier Museker ugekënnegt, dass si een neien Album wäerten erausbréngen. Den Album "Give Me The Future" soll dann de 4. Februar erauskommen an do sinn dann och Lidder wéi "Thelma + Louis" oder "No Bad Days" mat drop.

Fréier Hits:

Déi brittesch Indie-Rockband ass duerch hire groussen Hit "Pompeii" aus dem Joer 2013 berüümt ginn. Awer och d'Single "Things We Lost In The Fire" huet d'Band un d'Spëtzt vun den internationalen Charts katapultéiert. Nach haut lafen dës Lidder vill op de Radiostatioune weltwäit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Of Monsters and Men, Walk The Moon, Imagine Dragons