Haut presentéiere mer iech déi ganz nei Single vum däitsch-spuenesche Sänger Alvaro Soler.

Fakten:

Nodeems den 31 Joer alen Alvaro Soler mat senger Single "Magia" déi international Charts dominéiert huet, ass hien elo zesumme mam David Bisal an hirer Single "A Contracorriente" zeréck. Den Titel vun der Single bedeit eigentlech, dass ee géint de Stroum soll schwammen. Mam Lidd well hien allen Museker déi am Moment eng ganz schwéier Zäit hunn hëllefen. Et soll een net opginn an awer weider kämpfen och wann et am Moment net wierklech einfach wier.

Aussergewéinleches:

Den Alvaro Soler, deen normalerweis mat enger Band ënnerwee ass ass op d'Iddi fir dës Single komm, nodeems ee Member vu senger Band sengem ale Beruff als Kach rëm nogaangen ass. Duerch d'Pandemie an all déi Concerten déi ofgesot goufen, konnt dëse Museker duerch seng Kach-Ausbildung awer weiderschaffen.

Fréier Hits:

Den Alvaro Soler huet am Joer 2016 säin éischte Studio Album released. Säi gréissten Erfolleg hat de Museker awer definitiv mat sengem leschten Album aus dem Joer 2021 op dem dann och d'Single "Magia" mat drop war. Doduerch ass hien international bekannt ginn an huet d'Charts dominéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Marguess, Lena, Nico Santos