Den däitsche Museker Alligatoah huet seng neiste Single released.

Fakten:

Den däitsche Rapper Alligatoah huet mat "Nachbeben" seng neiste Single released. An dëser séngt a rappt de Museker dovunner, dass verschidde Saachen am Alldag op eis awierken an eis awer eigentlech net gutt doen. Hien well domadder soen, dass vill Leit psychesch Problemer kréien an ee Chaos am Kapp hunn. Dorënner falen dann och zum Beispill Panikattacken, Flashbacks oder Gefillschaos. Den Track ass erëm bësse méi am Hip-Hop ugeluecht an et gëtt manner gesonge wéi op deene Lidder virdrun. Trotzdem ass den Alligatoah och an dëser Single erëm ee Museker deen déi richteg Wierder fënnt fir dës Situatioun a ville Mënschen ze beschreiwen.

Aussergewéinleches:

Mat deene leschte Lidder déi den däitsche Museker erausbruecht huet, konnt een et sech scho bal denken, dass hien un engem neien Album géif schaffen. De 25. Mäerz 2022 ass et dann endlech esouwäit. Den Alligatoah bréngt do säin neie Studio Album "Rotz und Wasser" eraus op deem dann och dës Single "Nachbeben" mat drop wäert sinn.

Fréier Hits:

Berüümt ginn ass den däitsche Rapper awer duerch seng Single "Willst du?" aus dem Joer 2014. Dës Single gehéiert bis haut nach zu deene Lidder déi op kengem Concert vum Museker dierfe feelen. Och mat senger Band Trailerpark huet hien zimmlech vill u Bekanntheet gewonnen an huet als Headliner op deene grousse Festivallen gespillt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Casper, Marteria, Kontra K