Haut stelle mer déi nei EDM Single "Call Me" vun deenen dräi DJ'en vir.

Fakten:

Den italieneschen DJ Gabry Ponte huet sech fir seng neiste Single "Call Me" mam R3HAB an Timmy Trumpet zesummegedoen. Doraus ass eng Single entstanen déi d'Fans bëssen an d'Stëmmung soll vun deene groussen EDM-Festivallen bréngen. Bei dësem Lidd ass et wierklech schwéier et ze danzen a mat ze feieren.

Aussergewéinleches:

Ganz nei ass d'Iddi vun dëser Single allerdéngs net. An den 80er Joren huet d'Sängerin Blondie de groussen Duerchbroch mat der Single "Call Me" gehat. Elo huet de Gabry Ponte dëse Sample benotzt fir eng bësse méi modern a powerméisseg EDM-Single doraus ze maachen.

Fréier Hits:

De Gabry Ponte dee bei der Band Eifel 65 mat dobäi war, hat säin éischte groussen Erfolleg mam Lidd "Blue (Da Ba Dee) am Joer 1998. Bis haut leeft dëst Lidd nach an den Discoen a gëllt definitiv als Klassiker an der DJ-Branche. Den DJ R3HAB ass am Moment jo och an de Charts mat senger Single "Most People" ënnerwee. Den Timmy Trumpet kënnt een eigentlech duerch seng Hits wéi "Feel Your Love" oder "Mad World".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Alesso, Axwell, Dimitri Vega & Like Mike