Haut stelle mer déi nei Single "make up sex" vum Machine Gun Kelly sengem neien Album vir.

Fakten:

Den amerikanesche Rapper Machine Gun Kelly ass bekannt dofir, dass hien a senger Musek dacks Rap mat Rock oder Metal vermëscht. Sou ass dann och déi ganz nei Single "make up sex" keng gewéinlech Pop-Single. D'Single bleift direkt am Ouer an dat warscheinlech och  duerch dem amerikanesche Sänger Blackbear, deen hien sech fir dës Kollaboratioun mat an d'Boot geholl huet. D'Single ass iwweregens och um Machine Gun Kelly sengem neien Album "mainstream sellout" mat drop.

Aussergewéinleches:

De Machine Gun Kelly ass bekannt dofir fir heiansdo och mol bësse méi verréckt Saachen ze maachen. Aus dem Grond huet de Sänger och beschloss beim leschten Jackass Film "Jackass Forever" matzespillen. Hei huet hie bei enger Challenge mam Steve-O matgemaach a krut, wéi een et bei Jackass gewinnt ass, wéi gedoen.

Fréier Hits:

De Machine Gun Kelly huet och scho mam Blackbear zesummegeschafft. Dat bäi hirem Hit "my ex's best friend" aus dem Joer 2020. Awer och d'Single "I Think I'm Okay" zesumme mam YUNGBLUD an Travis Barker war ee groussen Erfolleg fir de Machine Gun Kelly.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Iann Dior, YUNGBLUD, Hopsin