De Sean Paul ass zeréck mat senger neier Single "How We Do It" zesumme mat der Sängerin Pia Mia.

Fakten:

Den jamaikanesche Rapper a Sänger Sean Paul misst zimmlech jidderengem ee Begrëff sinn, deen an deene leschte Joren an engem Club war. Seng riseg Hits "She Doesn't Mind"  oder "Got To Luv U" aus dem Joer 2012 gehéieren an all gutt Playlist a suergen direkt fir summerlech Good-Vibes. Elo huet hien zesumme mat der amerikanescher Sängerin Pia Mia zesummegedoe fir d'Single "How We Do It" ze releasen. An der Single wëllen si musikalesch weisen, wéi et bei hinnen ass wann ee Party mécht an danz a séngt.

Aussergewéinleches:

De Museker Sean Paul huet schon eng Kéier fir d'Single "HOT" mat der Sängerin Pia Mia zesummegeschafft. Trotzdeem wier et ëmmer rëm eng grouss Éier fir d'Musekerin fir mam Sean Paul kennen zesummenzeschaffen. Och de Video ass dann immens cool ginn an ënnersträicht d'Single dann nach eng Kéier besser.

Fréier Hits:

De Sean Paul ass am Joer 2012 esou richteg duerchgestart an huet mat Lidder wéi "Got To Lov U" oder "She Doesn't Mind" Hits geschriwwen, déi nach haut 10 Joer méi spéit a kenger Party-Playlist dierfe feelen. Seng Hits sinn eigentlech déi perfekt Stëmmungs-Lidder an all Disko.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mr. Vegas, Shaggy, Beenie Man