
© AFP/Robyn Beck
Haut presentéiere mir iech dem Finneas seng nei Single "Naked"!
Fakten:
Nodeems hien d'lescht Joer säin Album "Optimist" erausbruecht hat, ass de Finneas elo zeréck mat deem éischte Release vun dësem Joer. An där neier Single "Naked" verschafft hien d'Enn vun enger Bezéiung, déi zum Schluss just nach duerch Ligen markéiert war. Wéi gewinnt iwwerzeegt de Finneas mat senge kloren a prägnante Lyrics a coolem Sound. Am Laf vum Song mierkt een och wéi hien sech erasteigert an ëmmer méi Roserei a seng Stëmm kënnt. Och d'Produktioun vum Song gëtt mat der Zäit ëmmer méi dicht, den Highlight si sécherlech déi rockeg Gittaren zum Schluss.
Aussergewéinleches:
Mat senge 24 Joer ass dem Finneas säi Palmarès duerchaus beandrockend! Nieft diverse Präisser déi hien zesumme mat senger Schwester gewonnen huet - de rezente Gewënn vun engem Oscar fir den James-Bond-Titel-Song "No Time To Die" zielt ganz bestëmmt zu de groussen Highlights - weist säi Grammy fir "Producer of the year" aus dem Joer 2020 awer och iwwer wéi vill Talent de Finneas verfüügt.
Fréier Hits:
Seng gréissten Hits huet de Finneas sécherlech als Songwriter a Produzent fir d'Billie Eilish gefeiert. Mee och mat senge Solo-Songs ewéi "Let's Fall In Love For The Night", "What They'll Say About Us" oder sengem leschten Album "Optimist" hat hie groussen Erfolleg.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Billie Eilish, Conan Grey, Holly Humberstone & Gracie Abrams