Haut stelle mer déi ganz nei Single vum brittesche Sänger Harry Styles vir.

Fakten:

Mat der neier Single "As It Was" huet de brittesche Sänger Harry Styles säin neien Album "Harry's House" ugekënnegt. An der Single séngt de Museker vun enger zerbrachener Bezéiung an der hir Problemer. Ënnermoolt ginn dës Téin vun enger relaxer Synthesizer-Melodie. Den Album "Harry's House" wäert dann den 20. Mee erauskommen an ass dem Museker säin drëtten Album bis elo.

Aussergewéinleches:

Aussergewéinlech war den Dréi vum Museksvideo vun der Single ganz sécher. Et war eigentlech alles geplangt an den Harry Styles war motivéiert de Film ze dréinen. Leider war dat ganzt dunn den zweeten Dag nodeems Russland d'Ukrain ugegraff huet an et war fir de Museker eng immens emotional Zäit. De Regisseur vum Video ass Ukrainer an huet zesumme mat sengem Team alles gi fir ee coole Video ze maachen trotz der aktueller Situatioun a sengem Heemechtsland.

Fréier Hits:

Dem brittesche Sänger seng gréissten Hits si mat Sécherheet d'Lidder "Watermelon Sugar" an "Adore You", déi allen zwee op sengem Album "Fine Line" aus dem Joer 2019 mat drop waren. Mat dëse Lidder huet hie schonn e puer Milliarde Streams erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Liam Payne, The Vamps, Niall Horan