D'Band vu Chemnitz ass zeréck mat engem ganz neie Song an am Summer mat engem neien Album.

Fakten:

1764 Deeg huet et gedauert, ier d'Band Kraftklub endlech rëm zeréck ass. Mat hirer neier Single "Ein Song reicht" hunn si sech elo zeréck gemellt. An der Single sangen si eigentlech iwwert all déi Lidder, déi ee wärend enger Bezéiung mat enger Persoun verbënnt. Hei soll et em Lidder goen déi een direkt an Erënnerungen oder och u Problemer erënneren. Dacks gëtt een zum Beispill och no enger Bezéiung nach duerch verschidde Lidder un eng bestëmmte Persoun oder Zäit erënnert. Den 23. September soll dann och hiren neien Album "Kargo" erauskommen.

Aussergewéinleches:

De Sänger Felix Kummer war an deene leschte Jore mat sengem Solo Projet "KUMMER" ënnerwee an dowéinst gouf et och keng nei Musek vun der Band Kraftklub. 2012 hunn si nach hei a Lëtzebuerg als Headliner um Food For Your Senses gespillt a schonn ee Joer méi spéit op de grousse Büne vun den europäesche Festivallen. Definitiv eng immens séiere Start vun der Karriär, deen d'Jonge vu Kraftklub do hannert sech hunn.

Fréier Hits:

Mat hirem Album "Mit K" an "In Schwarz" hunn sech Kraftklub bis ganz no uewen an déi europäesch Charts katapultéiert. Lidder wéi "Drei Schüsse in die Luft" oder "Songs für Liam" gehéieren an all Festival-Playlist a ginn och e Rei Joren duerno nach ëmmer gär op Concerte gespillt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Feine Sahne Fischfilet, Die Toten Hosen, Marteria