
© Dean Lewis
Haut stelle mer déi ganz nei Single vum Singer a Songwriter Dean Lewis vir.
Fakten:
No sengem Debutalbum "A Place We Knew" aus dem Joer 2019, mat dem den Dean Lewis och international groussen Erfolleg hat, ass hien elo mat senger ganz neier Single "Hurtless" zeréck. Déi éischter roueg an emotional Single "Hurtless" handelt eigentlech dorëms, dass d'Enn vun enger Bezéiung dacks bedeit, dass een sech op eng besser Zukunft freet. De Museker seet, dass hien sech a senger leschter Bezéiung geduecht huet, dat wier déi Fra déi hien a sengem Liewe géif begleeden, wat allerdéngs herno net méi de Fall war.
Aussergewéinleches:
Den australesche Museker Dean Lewis huet sech als Kand schonn d'Gittar spille selwer bäibruecht. Am Joer 2016 huet hien dunn awer réischt seng éischt Single "Waves" déi an och op senger éischter EP "Same Kind Of Different" mat drop war. Den Dean Lewis wäert dann och am Kader vu senger Tournée hei zu Lëtzebuerg ee Concert spillen. De Concert wäert de 16. Oktober 2022 am Atelier stattfannen.
Fréier Hits:
Dem Dean Lewis seng bekanntste Song ass d'Single "Be Alright" mat der hien et och an Australien bis op d'Platz 1 gepackt hat. Awer och seng Zesummenaarbecht mam DJ Martin Garrix bei der Single "Used To Love" huet dem Museker gehollef nach méi bekannt ze ginn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Tom Walker, Etam, Noah Kahan