Fir seng nei Single huet den amerikaneschen DJ Gryffin mat der Pop Band OneRepublic geschafft.

Fakten:

Den amerikaneschen DJ a Produzent Gryffin huet am Joer 2016 seng éischten eegen Single released. Elo 6 Joer méi spéit huet hien sech vir säin neisten Track "You Were Loved" Ënnerstëtzung vun der Pop-Band OneRepublic gefrot. Dobäi ass eng Single entstanen, déi duerch dem Gryffin seng modern EDM Beats ugedriwwe gëtt a vum OneRepublic-Frontmann Ryan Tedders senger markanter Stëmm ënnermoolt ginn. Doraus ass eng cool Dance-Pop-Ballad entstanen, déi engem gutt am Ouer hänke bleift. Ween weess, eventuell spillen OneRepublic dës Single jo och op hirem Concert den 21. Abrëll hei zu Lëtzebuerg.

Aussergewéinleches:

Den DJ Gryffin huet als Kand scho Piano a Gittar geléiert an huet als Jugendleche scho Stonnelaang a sengem Kannerzëmmer u Musek geschriwwen a produzéiert. Eigentlech wollt hie just Musek fir seng Kolleegen a kleng Partye maachen. Hien hätt sech ni erwaart, dass doraus eng Kéier sou eng grouss Karriär kéint entstoen. An deene leschte Joren a Méint huet de Gryffin an denge bekanntste Clubs an Diskoen op der Welt gespillt. Aktuell wunnt hien och mat senger Fra zu Las Vegas, wou hien dann och mol méi dacks a Clubs opleet.

Fréier Hits:

Berüümt ass hien allerdéngs duerch seng Remixe vu Lidder wéi dem Song "Animals" vu Maroon 5 oder vu Years & Years mat hirem Lidd "Desire". Awer och seng eege Lidder wéi zum Beispill "Feel Good" oder "Tie Me Down" sinn zu immens groussen Hits ginn, déi international vun DJ'en gespillt ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Martin Jensen, Lost Kings, Lost Frequencies