Haut stelle mer déi ganz nei Single vum brasilianeschen DJ Alok zesumme mat Bastille vir.

Fakten:

De brasilianeschen EDM Dj Alok huet sech fir seng neiste Single "Run Into Trouble" Verstäerkung vun der Band Bastille geholl. Doraus ass eng relax Dance-Pop Single entstanen déi duerch dem Sänger seng markant Stëmm an de Synthesizer Sounds zu engem richtegen Ouerwuerm gëtt. D'Single ass eigentlech ee Beweis, dass et heiansdo och mol gutt ass wann ee verschidde Museksrichtunge mateneen vermëscht. Hei ass doduerch eng ganz cool a summerlech Zesummenaarbecht entstanen.

Aussergewéinleches:

Dem Alok seng Karriär ass eigentlech am Duo mat sengem Brudder entstaanen. Allerdéngs wollt säi Brudder net méi an der Museksbranche schaffen an doduerch ass den Alok säit sengen 19 Joer als Solo-Projet ënnerwee. Am Joer 2014 an 2015 gouff hien dann och zum beschten DJ a Brasilien vun de Fans gewielt.

Fréier Hits:

Am Joer 2018 ass den Alok duerch säin Hit "Hear Me Now" international berüümt ginn an ass säit deem net méi opzehalen. haut gehéiert hien zu deene gréissten DJ'en an der Zeen an huet Remixe vu vill Pop-Museker released. Awer och Lidder wéi "Don't Say Goodbye" oder "Piece Of Your Heart" gehéieren zu deene ganz groussen Erfolleger vum DJ.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Bruno Martini, Galantis, Dubdogz