Passend zu deem gudde Wieder ginn et haut summerlech Beats vum Conor Albert a Max Pope!

Fakten:
Kee Problem wann iech den Numm Conor Albert nach näischt seet, op allefalls sollt dir iech en awer vun elo un verhalen! Hien ass en onwarscheinlech talentéierte brittesche Museker, dee fréier samschdes owes net "The X Factor" oder aner Serien a Filmer um Fernsee gekuckt huet, mee mat senger Famill den Internet esoulaang op Musek-Videoen duerchgestöbert huet, bis se dee fonnt hunn dee bei hir Stëmmung gepasst huet. Mat 8 Joer krut de Conor vu sengem Papp eng Produktiouns-Software op de Famillje-Laptop gesat an eng 30$-Gittar dohigestallt. Vun deem Moment un war hie voll an der Musek dran! Elo huet de Museker zesumme mam Max Pope séi summerlech Soul-R&B-Feel-Good-Single "Sunflower" erausbruecht.

Aussergewéinleches:
De Conor Albert an de Max Pope hunn dëse Song an nëmmen enger Stonn geschriwwen an dat Ganzt op Twitch gestreamed. De Stream hu si mëttlerweil och als Video erausbruecht:

Absolutt kuckeswäert sinn och dem Conor Albert seng Live-Loop-Sessions an deenen een direkt mierkt, dass  de Multi-Instrumentalist wierklech eng drop huet!

Fréier Hits:
De Conor huet éischt SupporterInnen op Soundcloud fonnt. No an no huet hien och éischt eegen EPs erausbruecht, dorënner "Collage 1" oder "Smile". Zu sengen erfollegräichste Singles gehéieren definitiv "Tell Me" a "Moonlight".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
George Erith, Marie Dahlstrom, Sam Willis & Reuben James