Mat "First Class" released den Jack Harlow déi zweet Single-Auskopplung vu sengem neien Album!

Fakten:
Den Hype ëm den Jack Harlow ass definitiv real! Elo huet hie seng gefillvoll a lackeleg Laidback-Single "First Class" erausbruecht. Um Track benotzt hien e Sample vum Fergie sengem 2006er-Hit "Glamorous". Schonn eng Woch virum Release war "First Class" op TikTok viral gaangen. De Museker hat nämlech en 13-Sekonne-laange Snippet vun der markanter Hook op der Plattform gepost, deen direkt ronn 25 Millioune Views krut.

Aussergewéinleches:
Quasi säi ganzt Liewe laang ass den Jack Harlow e grousse Fergie-Fan. Ewéi hie selwer seet huet hatt hien dozou inspiréiert fir Musek ze maachen. An der Primärschoul wollt den Jack bei enger Talent-Show esouguer "Fergalicious" performen, duerft dat awer deemools net well de Contenu ze explizitt wier. Ëm sou méi huet de Rapper sech gefreet wéi d'Fergie an alleguer déi déi u "Glamorous" matgewierkt hunn de Sample fräiginn hunn. D'Fergie selwer ass anscheinend och déck begeeschtert vu "First Class". Dat dierft den Jack immens freeën, well folgende Saz sot hien effektiv an engem Interview: "To be able to make a song that women like is what it's all about for me".

Fréier Hits:
Bekannt ginn ass den Jack Harlow duerch säi Feature mam Lil Nas X um Track "Industry Baby". Mëtt Februar hat hien dunn e groussen Erfolleg mat "Nail Tech", där éischter Single Auskopplung vu sengem neien Album "Come Home The Kids Miss You", deen de 6. Mee soll erauskommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Lil Nas X, Cordae, 24kGoldn & Doja Cat