Haut presentéiere mir déi nei Single vum Charlie Puth!

Fakten:
Dem Charlie Puth seng Karriär ass net ëmmer gutt gelaf. Zwar hat hien am Ufank vu senger Museker-Zäit richteg Succès, 2019 koum dunn awer eng schwéier Phase. Seng Songs hunn et emol net an d'Charts gepackt, hie gouf vill kritiséiert - den Elton John huet seng deemoleg Lidder "ass" genannt - an och hie selwer huet sech net wierklech wuel gespiert. Den Charlie Puth huet decidéiert Zäit fir sech ze huelen an nei Energie ze sammelen. 2 Joer méi spéit ass hien zeréck mat neie Songs, déi richteg cool sinn a gutt ukommen. Mat "Light Switch" konnt hien innerhalb vu ganz kuerzer Zäit Millioune Streams a Views op Spotify a YouTube erreechen an den internationale Fokus op sech zéien. Mat "Charlie" wäert de Museker an där nächster Zäit dann och säin neien Album erausbréngen, déi nei Single "That's Hilarious" ass elo schonn do.

Aussergewéinleches:
Dem Charlie Puth seng Hit-Single "Light Switch" ass am Fong iwwer TikTok entstanen. Ahjo, an hien héiert absolutt. Wat genee dat heescht huet hie beim Jimmy Kimmel bewisen.

Fréier Hits:
Bis 2019 hat den Charlie Puth etlech grouss Hits ewéi d'Debut-Single "Marvin Gaye" (feat. Meghan Trainor), "See You Again", "One Call Away", "Attention" oder "How Long".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Justin Bieber, Meghan Trainor & Benny Blanco