Fir mat de richtege Party-Vibes an den Ouschter-Weekend ze starten presentéiere mir iech haut déi ganz nei Single vum David Guetta!

Fakten: 
Fir säin neien Track huet den David Guetta sech zwou vun deene gréisste Stëmmen aus der elektronescher Zeen geséchert. Zesumme mam Ella Henderson an dem Becky Hill huet hien d'Single "Crazy What Love Can Do" erausbruecht. Staark Vocals, Feelgood-Piano-Akkorden zesumme mat euphoreschen Drops erginn eng Kombinatioun déi definitiv de Summer alaut! No "Remember" ass et schonn déi zweet Kollaboratioun mam Becky Hill, mam Ella Henderson huet de Guetta fir déi éischte Kéier zesummegeschafft!

Aussergewéinleches:
"Fréier huet mäi Management mech ëmmer missten nerven, dass ech heiansdo och emol Singles erausbréngen. Dëst Joer hu si gesot, ech sollt dach endlech ophalen!" Dës Ausso vum David Guetta ass aus engem Interview vun 2021, dem Joer an deem hie gefillt all Woch en neien Hit released huet. An et schéngt wéi wann hien dëst Joer genee do weidermaache géif. "Crazy What Love Can Do" ass nämlech schonn de 6. Release fir dëst Joer.

Fréier Hits:
Fir dat zweet Joer hannerteneen a fir déi drëtte Kéier am Ganzen gouf den David Guetta 2021 op d'Plaz 1 vun den DJ Mag Top 100 gevoted. Am Kapp bleiwe virun allem seng fréi Club-Hits ewéi "Memories" oder "Gettin' Over You" a seng etlech Hit-Kollaboratioune mam Sia, zum Beispill "Titanium", "Flames" oder "Floating Through Space".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Joel Corry, Sigala, Oliver Heldens & Goodboys