Haut presentéiere mir iech déi nei Single vum Alice Merton!

Fakten:
De 17. Juni bréngt d'Alice Merton säin neien Album "S.I.D.E.S." eraus op deem d'Sängerin erzielt ewéi hatt déi ustrengend zwee lescht Joer erlieft huet. Et ass quasi e Resumé vun den Ups a ganz villen Downs, de psychologeschen Erausfuerderungen déi hatt huet misse meeschteren, Hoffnung, Confiance an der Erkenntnis, dass een iergendwéi ni richteg ukënnt. Elo ass déi nei Single "Blindside" dobaussen. Hei schreift d'Alice Merton iwwert déi respektlos Behandlung duerch eng Persoun mat där hatt an der Vergaangenheet fir eng Zäit huet misse schaffen. De Song vermëscht e seriöt an éierlecht Thema mat enger zum Deel frouer Alt-Pop Stëmmung.

Aussergewéinleches:
No sengem Erfolleg mam leschten Album "MINT" huet d'Alice Merton mat "S.I.D.E.S." grouss international Ambitiounen. Mat de Single-Auskopplungen déi bis elo dobausse sinn (ë.a.: "Same Team", "Vertigo" oder "Island") presentéiert hatt e bësse méi däischteren awer zouversiichtlechen a staarke Sound. Dass hatt Vill Wëlles huet weist och d'Lëscht vu Kollaborateuren um Album op där e puer priméiert Hit-Produzente stinn. Zum Beispill hu matgeschafft: Jonny Coffer (Beyoncé, Ellie Goulding) oder Matty Green (Dua Lipa, Royal Blood).

Fréier Hits:
Dem Alice Merton säin Debut-Album "MINT" mat Hits ewéi "Why So Serious" oder natierlech "No Roots" hat international richteg gutt Kriticke kritt an et an e puer Länner wäit vir an d'Charts gepackt. De 17. Juni kënnt dann deen neien Album "S.I.D.E.S." eraus. Wie Loscht huet d'Alice Merton live ze erliewen ka sech op senger Websäit Ticketen fir d'Tournée sécheren!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Haim, Echosmith, Bishop Briggs & Elle King