Haut stelle mer déi nei Single "About Damn Time" vum Lizzo vir.

Fakten:

Déi US-amerikanesch Sängerin Lizzo huet seng neiste Single "About Damn Time" erausbruecht. Nodeems d'Lizzo am Joer 2021 säi groussen Hit "Rumors" zesumme mam Cardi B erausbruecht huet ass lo déi neiste Single dobaussen. D'Lidd "About Damn Time" ass eng funky Single déi vun enger ganz selbstbewosster a staarker Fra gesonge gëtt.

Aussergewéinleches:

Mat dësem neien Track huet d'Lizzo dann och direkt säin neien Album "Special" ugekënnegt deen de 15. Juli wäert erauskommen. An der Sendung beim James Corden huet d'Lizzo da seng Single déi éischte Kéier live dem Publikum presentéiert. Hei huet hat dann och erzielt, dass hat ganzer 3 Joer u sengem neien Album geschafft huet an e lo endlech well erausbréngen.

Fréier Hits:

Am Joer 2014 huet d'Lizzo dann säin éischten Album "Lizzobangers" released. Säi groussen internationalen Duerchbroch hat d'Sängerin allerdéngs réischt bësse méi spéit mat sengem Lidd "Good As Hell" zesumme mam Ariana Grande. Awer och "Rumors" zesumme mam Cardi B war ee vum Lizzo senge gréissten Hits bis elo.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Cardi B, Normani, Megan Thee Stallion