Den US-Amerikanesche Singer a Songwriter John Legend huet seng neiste Single "Free" released.

Fakten:

"Free" esou heescht déi ganz aktuell a nei Single vum amerikanesche Sänger John Legend. De Song huet den John Legend nom Ufank vum Krich an der Ukrain geschriwwen. Nodeems Russland d'Ukrain ugegraff hat, a scho vill ze vill Leit gestuerwe sinn, huet de Museker probéiert seng Gedanken an dësem Song ze verschaffen. D'Lidd soll eng Hymne si fir all d'Ukrainer an hinne Kraaft ginn, fir weider fir hir Fräiheet ze kämpfen.

Aussergewéinleches:

Den John Legend huet a senger laangjäreger Karriär dann och schonn 13 Grammys gewonnen. Am Joer 2022 war hie mol ng Kéier net nominéiert an trotzdeem war hie fir eng Live-Performance invitéiert. Bei de 64ten Grammys huet hien dann seng nei Single "Free" gesongen an dat zesumme mat der ukrainescher Musekerin Siuzanna Iglidan. Den John Legend kennt iwweregens och hei op Lëtzebuerg an dat de 6. Juli 2022 an der Rockhal.

Fréier Hits:

Dem 43 Joer ale Museker säi gréissten Hit ass wuel d'Single "All Of Me" mat dem hien op der ganzer Welt bekannt ginn ass. Awer och seng vill aner Hits hunn aus him ee vun deene gréisste Sänger an der moderner Zäit gemaach. net vir näischt huet den John Legend schonn 13 Grammys a vill aner Präisser gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Maxwell, Alicia Keys, Anthony Hamilton