Den DJ Willy William ass mat engem Song zeréck deen engem eigentlech zimmlech bekannt vir kennt.

Fakten:

De franséischen DJ Willy William ass zeréck mat senger neier Single "Trompeta". Dës ass ee richtege Summersong a suergt dofir, dass een direkt Loscht op Party, feieren a gutt Wieder huet. "Trompeta" ass eng Single déi immens liicht ze lauschteren ass an dofir och predestinéiert ass fir op de grousse Summer-Partye gespillt ze ginn.

Aussergewéinleches:

2021 an 2022 sinn definitiv d'Joer vun de Remakes. Dat gëllt dann och fir dem DJ Willy William seng neiste Single "Trompeta" bei der hien sech um Guru Josh  sengem Song "Infinity" aus dem Joer 1990 inspiréiert huet an dëse gesampelt huet. "Infinity" wéi déi meescht vun eis et kennen ass am Joer 2008 ënnert dem Numm Guru Josh Project zesumme mam DJ KLAAS erauskomm.

Fréier Hits:

De Willy William ass duerch säin Hit "Mi Gente" weltbekannt ginn. Fir dëse Song huet d'Beyoncé esouguer eng Kéier eng Versioun mat agesongen. Awer och Lidder wéi "Ego" a "Mambo" gehéieren zum Willy William senge groussen Hits.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Collectif Métissé, Lucenzo, Ridsa