Haut stelle mer déi nei Single vun der brittescher Band Disclosure zesumme mat der Sängerin Raye vir.

Fakten:

Déi brittesch Band Disclosure huet am Joer 2009 ugefaange Musek ze maachen an ass dunn mat "Offline Dexterity" am Joer 2010 an d'Museksbranche gestart. Si hunn sech scho ganz fréi fir Dubsteb an Drum and Bass interesséiert a sinn doduerch och a berüümt ginn. Elo sinn si dann zeréck mat hirer neister Single "Waterfall" wou si sech mat der brittescher Singer a Songwriterin Raye zesummegedoen hunn.

Aussergewéinleches:

Déi zwee Bridder Guy an Howard Lawrence hunn sech beim schreiwe vun hirer Musek ëmmer rëm un anere Museker an och Museksrichtungen inspiréiert. Bei hirer neier Single hunn si sech dann awer och vill u London a senger wonnerbarer Museksgeschicht inspiréiert. Am Summer wäerten si dann awer och op grouss Headliner-Tour goen an och eng Rei Festivalle spillen.

Fréier Hits:

Zu deene groussen Hits vum Duo gehéiere Lidder wéi "Talk" aus dem Joer 2019 awer och d'Single "Latch" vun hirem Album "Settle" aus dem Joer 2014. Mat dësem sinn si dann och deemools richteg an der Zeen duerchgestart.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Jamie xx, Gorgon City, AlunaGeorge