Haut stelle mer iech déi nei Single vun der Schauspillerin a Sängerin Dove Cameron vir.

Fakten:

D'Schauspillerin a Sängerin ass am Joer 2013 duerch d'Disney Serie "Liv und Maddie" bekannt gi bei der hat als Schauspillerin ënnerwee war. Elo huet d'Sängerin dann awer mat "Boyfriend" eng ganz nei an éischter emotional an däischter Single released. An der Single geet et eigentlech haaptsächlech ëm eng bestëmmten Nuecht am Joer 2021 mee awer och wéi et ass als Fra schlecht vun engem Mann behandelt ze ginn.

Aussergewéinleches:

Déi 26 Joer al Sängerin aus Amerika huet am Dezember 2021 fir déi éischte Kéier ee Snipped vun der neier Single "Boyfriend" op TikTok gepost. Nodeems dee klengen Deel iwwer 400.000 mol fir Videoe benotzt gouf, huet d'Sängerin sou séier wéi méiglech de Song fäerdeg geschriwwen an och produzéiert. No nëmmen zwou Wochen hat déi däischter Pop-Single scho méi wéi 30 Millioune Streams op Spotify.

Fréier Hits:

D'Dove Cameron hat ee groussen Hit mat senger Single "Born Ready" wat de Soundtrack fir de Marvel Film "Marvel Rising" war. Awer och Lidder fir aner Disney Filmer oder Serien hunn der Sängerin gehollef bekannt ze ginn. En Album gëtt et awer nach net vun der jonker Musekerin.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Bella Thorne, Tate McRae, Billie Eilish