De brittesche Singer a Songwriter ass zeréck mat enger ganz neier Single.

Fakten:

De brittesche Sänger George Ezra huet a senger Karriär schonn deen een oder anere Präis fir seng Musek gewonnen an huet scho Milliounen Albe verkaaft. Elo ass hien zeréck mat senger ganz neier an emotionaler Single "Green Green Grass" déi och op sengem neien Album "Gold Rush Kids" mat drop wäert sinn, deen den 10. Juni 2022 wäert erauskommen. Et ass eng zimmlech positiv Single déi dovunner handelt dass een och bei bësse méi schwéiere Momenter ëmmer dat positiivt soll gesinn an dat bescht aus der Situatioun maachen.

Aussergewéinleches:

Deen éischte Gedanke fir dës Single krut de Museker wärend enger Vakant am Joer 2018. Hei war den George Ezra mat e puer Kolleegen an enger Bar an huet d'Liewe genoss a gefeiert. No der Bar hunn si eng Party fonnt bei der d'Leit einfach op der Strooss gefeiert hunn a gutt Laun haten ouni iwwer d'Problemer am Liewen nozedenken. Den George Ezra wollt dëse Moment an der Single "Green Green Grass" beschreiwen.

Fréier Hits:

"Green Green Grass" ass déi zweet Single vum Album, nodeems "Anyone For You" schonn e puer Wochen an den Charts ganz uewen mat dobäi ass. Awer och Lidder wéi "Shotgun" a "Budapest"  gehéieren zu deene ganz groussen Hits vum brittesche Museker.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Bay, Vance Joy, Tom Grennan