De lëtzebuergesche Rapper Turnup Tun ass zeréck mat enger ganz neier Single.

Fakten:

Nodeems et lo eng Zäit bësse méi roueg ëm den Tun Tonnar aka Turnup Tun als Rapper gi war ass hien awer elo zeréck mat senger ganz neier Single "Gemittlech". An dëser schwätzt hien dovunner, dass mir eis am Alldag ze dacks stressen an eis net méi op eis selwer kenne fokusséieren. Vue dass den Tun och vill am Studio ass huet hien zum Beispill och net vill Schlof kritt, wat hien op dauer och gestresst huet. Mat dësem Lidd well hien der Gesellschaft soen dass een och heiansdo mol einfach chillen a no sech selwer kucke soll.

Aussergewéinleches:

Den Tun Tonnar ass awer och net nëmmen als Rapper ënnert dem Alias Turnup Tun ënnerwee mee och als Produzent wou hie mat immens ville grousse lëtzebuergesche Museker well zesummegeschafft huet. Hei huet hien sech och schonn a Lëtzebuerg wéi och zu Berlin een Numm gemaach.

Hei kann een dann och eng Kéier kucke wéi hien am Studio schafft:

Fréier Hits:

Den Turnup Tun huet schonn immens vill Lidder released, déi mol méi poppeg mol méi Hip-Hop lasteg waren. Zu senge groussen Hits gehéieren awer Lidder wéi "Schëdden" zesumme mam DJ Nosi, "Stau" oder och "Cuba Libre".

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Tommek, Maz, Ragga