D'Ava Max ass zeréck mat sengem éischte Song fir dëst Joer.

Fakten:

Déi amerikanesch Pop-Sängerin Ava Max ass zeréck mat sengem éischte Song am Joer 2022. D'Single "Maybe You're The Problem" ass eng relax a funky Pop Single déi säit dem Juni 2021 déi éischt Solo-Single vun der Sängerin ass. Vue dass d'Sängerin eng zimmlech selbstsécher Persoun ass, séngt d'Ava Max dass eventuell de Mann an der Bezéiung de Problem ass.

Aussergewéinleches:

Laut Aussoe vun der Sängerin wier "Maybe You're The Problem" déi emotionaalsten a perséinlechste Single déi d'Ava Max jee erausbruecht hätt. Dësen neien Track soll da warscheinlech och den Opening-Track fir den neien Album sinn dee ganz geschwënn soll op de Marché kommen. An Zukunft soll dann och gläich eng nei Kollaboratioun mat nach engem anere Museker erauskommen.

Fréier Hits:

Zu deene ganz groussen Hits vun der Sängerin gehéiere Lidder wéi "Sweet but Psycho" oder och "Kings & Queens". Mat dëse Lidder ass d'Ava Max op der ganzer Welt bekannt ginn an huet och eng Rei Präisser domadder gewonnen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mabel, Rita Ora, Camila Cabello