Haut stelle mer déi nei Single vum brittesche Sänger Sam Smith vir.

Fakten:

De brittesche Singer a Songwriter Sam Smith huet mat der Single "Love Me More" eng ganz déifgrënneg an emotional Single erausbruecht. An dëser hëlt hie seng Nolauschterer mat op eng Rees zeréck bei d'Selbsliebe an d'Gléck.

Aussergewéinleches:

De Sam Smith hat säi groussen Duerchbroch eigentlech mat senger Single "Writing's on the Wall", wat den Titelsong fir den James Bond Film "Spectre" war. mat dësem Song huet de brittesche Sänger dann och säin alleréischten Oscar gewonnen.Awer och bei de Grammys huet de Sam Smith well zimmlech ofgeraumt an huet am Joer 2015 direkt 4 Stéck mat heem geholl.

Fréier Hits:

Am Joer 2014 huet de Sam Smith säin éischten Album "In the Lonely Hour" op de Marché bruecht. Mat dësem stoung hien dann och direkt a Groussbritannien op der 1 vun den Charts. mat sengen zweeten Album hat hien et souguer an Amerika bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt. Säin gréissten Hit war awer seng Single "Stay With Me" mat der de Museker weltbekannt ginn ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

James Bay, Calum Scott, James Arthur