Haut stelle mer der schottescher Sängerin hir neiste Single "20s" vir.

Fakten:

Déi 25 Joer al schottesch Sängerin Bow Anderson huet am Joer 2020 säin éischte Plackevertrag kritt an och direkt seng Debut-Single "Sweater" released. Elo huet d'Sängerin seng neiste Single "20s" released. An der Single schwätzt d'Sängerin dovunner wéi schwéier et ass nodeems een 20 Joer kritt huet, vue dass da jidderee vun engem verlaang dass een dann erwuessen a seriö ass.

Aussergewéinleches:

Nodeems d'Bow Anderson zu Edinburgh a Schottland opgewuess ass, huet hat ugefaangen Trampolinsport ze maachen. Duerch eng schwéier Verletzung huet hat allerdéngs am Alter vu just 13 Joer missen ophale mat dem Sport an huet ugefaange Musek ze maachen. Duerno huet hat zu London Musek studéiert.

Fréier Hits:

D'Bow Anderson hat säi groussen Duerchbroch an der internationaler Museksbranche am Joer 2020 mam Hot "I Just Wanna" zesumme mam DJ Felix Jaehn. Bis elo huet d'Sängerin awer nach keen Album erausbruecht mee dat kann sech awer definitiv an deenen nächste Méint a Joren änneren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Justin Jesso, Emily Roberts, Leepa