Haut stelle mer dem Tom Walker seng neiste Single "Serotonin" vir.

Fakten:

De brittesche Singer a Songwriter Tom Walker ass duerch seng markant Stëmm op der ganzer Welt bekannt ginn. No senger Hit-Single "Leave A Light On" huet hien elo seng neiste Single "Serotonin" released. Op Twitter huet de Sänger verroden dass hien dëst Lidd eng Kéier wärend engem Déifpunkt a sengem Liewe geschriwwen huet vue dass hien no engem laange Gespréich mat sengem Papp rëm bësse méi kloer gesinn huet.

Aussergewéinleches:

Den Tom Walker wäert dann och am Summer rëm hei am Land ee Concert spillen. Dat am Kader vum Pond Eclectic Festival um Kierchbierg dee säit leschtem Joer vum Atelier hei organiséiert gëtt. Hei wäert hien de 7. September am Amphitheater hannert der Coque optrieden.

Fréier Hits:

Dem Tom Walker seng gréissten Hit-Single war mat Sécherheet d'Single "Leave A Light On" vu sengem Album "What a Time To Be Alive" aus dem Joer 2019. mat dësem Album huet hien och international säin Duerchbroch gefeiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

George Ezra, Tom Grennan, Noah Kahan