Den PSY ass zeréck mat senger neister Single "That That"!

Fakten:

Vill Jore viru sengem groussen Hit "Gangnam Style" huet de PSY schonn am Joer 2001 ugefaange Musek ze maachen. Elo ass hien awer endlech zeréck mat enger neier Party Single. D'Single mam Numm "That That" huet de PSY zesumme mam BTS-Sänger Suga produzéiert. Ob d'Single genau esou een Hype an och eng Choreographie wäert kréien, gesi mer dann an deenen nächste Wochen.

Aussergewéinleches:

De PSY hat am Joer 2012 mat "Gangnam Style" warscheinlech ee vun deene bekanntste Lidder an der moderner Pop-Musek released. Fir eng Zäit war de Museksvideo mat der bekannter Choreographie vum koreanesche Museker esouguer dee meeschtgekuckte Video op ganz YouTube. Des weidere war et dann och deen éischte Video op YouTube dee jee 2 Milliarde Views erreecht huet.

Fréier Hits:

Och wann seng Karriär schonn an de fréien 2000er Joren ugefaangen huet, huet et awer nach eng Rei Jore gedauert ier hie richteg grouss Hits wéi "Gangnam Style" oder "Gentleman" released huet. Bis haut gehéieren déi zwee Lidder zu senge gréissten Hits.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Jay Park, miss A, 2NE1