Haut stelle mer déi ganz nei Single vun der Indie-Band Easy Life vir.

Fakten:

Och wann déi brittesch Band Easy Life sech réischt am Joer 2017 gegrënnt hunn, hunn si awer schonn 4 Studio-Alben op de Marché bruescht. Elo hunn si dann awer no hirem leschten Album aus dem Joer 2021 dann awer och rëm eng nei Single released. D'Lidd "Beeswax" ass eng Mëschung tëschend Indie-Rock a Rap. An der Single geet et dorëms, dass de Sänger sech wäred der Pandemie net sou wuel gefillt huet a gemengt huet ënnert engem Mikroskop ze liewen. Och sozial Ängscht an d'Gefill net méi individuell ze sinn ginn ugeschwat an dëser Single.

Aussergewéinleches:

D'Band Easy Life ass eigentlech zimmlech séier bekannt ginn. Am Joer 2019 stoungen si dunn déi éischte Kéier op der Newcomer Bün um Glastonbury Festival an England wat hinnen et och méiglech gemaach huet duerno um Coachella Festival oder Governors Ball zu New York opzetrieden.

Fréier Hits:

Hiren 2021er Album "Life's a Beach" ass immens gutt ukomm an Hits wéi "Nightmares" "Ocean View" oder "Skeletons" dierfen op kenger Setlist méi feelen. Mat dësen Lidder huet sech Easy Life da wierklech bis ganz no uerwen an déi international Charts katapultéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Cassia, The Magic Gang, Kofi Stone