De Mann vun de grousse Balladen ass zeréck mat senger neier Single "Heaven".

Fakten:

De brittesche Sänger Calum Scott ass bekannt fir seng impressionant Stëmm a vir seng gefillsvoll Balladen. Elo huet hie mat der Single "Heaven" säin neisten Track released, deen och op sengem neien Album "Bridges" mat drop ass deen de 17. Juni wäert erauskommen. Bei der Single séngt hien dovunner dass d'Léift zu sengem Partner kann sou staark sinn, dass egal wat een ugebuede kritt ëmmer sech fir d'Léift entscheet.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2015 ass de brittesche Sänger Calum Scott duerch d'Sendung "Britain's Got Talent" bekannt ginn. Hei hat hien sech zesumme mat senger Schwëster ugemellt. De Sänger war bei dëser Staffel de 6ten ginn. an huet direkt duerno seng Single "Dancing On My Own" erausbruecht huet.

Fréier Hits:

Am Joer 2018 huet de Calum Scott säin Debut-Album "Only Human" erausbruecht, deen immens gutt bei de Fans ukomm ass an hien och international zu engem Star gemaach huet. Awer och seng Single "Where are you now" zesumme mat Lost Frequencies huet him nach eng Kéier d'Charts verséchert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Ella Henderson, James TW, James Smith