Den amerikaneschen Duo ass zeréck mat hirer funky Single "Summer in New York".

Fakten:

Den amerikaneschen Duo Sofi Tukker mat senger neister Single "Summer in New York" definitiv eng Single geschriwwen, déi zimmlech jidderengem misst am Ouer hänke bléiwen. Déi summerlech Single dierf op kenger After Work Party feelen a suergt direkt fir gutt Vibes. D'Single ass dann och op hirem neien Album "WET TENNIS" mat drop deen si gréisstendeels wärend der Pandemie geschriwwen a produzéiert hunn. Mir entschëllegen eis dann och well direkt bei jidderengem dee bei dësem 80er inspiréierte Song een Ouerwuerm kritt.

Aussergewéinleches:

Fir de Release vun hirem neien Album "WET TENNIS" ze feieren, hunn sech déi zwee Membere vum Duo allen zwee eng Tennis Raquette mat den Initiale vu Sofi Tukker tätowéiere gelooss. Dëst wäert hinnen da warscheinlech fir hiert ganz Liewen ëmmer rëm weise wéi et deemools war wou se dësen Album released hunn.

Fréier Hits:

Hiren Debut huet den amerikaneschen Duo mat der Single "Drinkee" am Joer 2016 geféiert a konnt mat dëser och schonn zimmlech berüümt ginn. "WET TENNIS" ass dann awer réischt dem Duo säin zweete richtegen Album. Hir grouss Hits si Songs wéi "Purple Hat" oder "It Don't Matter" mat deenen si international Fouss gefaast hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Chris Lake, LP Giobbi, Dillon Francis