Haut stelle mer déi nei summerlech Single "Ferrari" vir.

Fakten:

Den EDM DJ James Hype ass ee vun deene bekanntsten DJ'en aus Groussbritannien an huet weltwäit op allen grousse Festivallen a Büne gespillt. Elo ass hien zeréck mat senger neister Single "Ferrari" déi hien zesumme mam brittesche Sänger Miggy Dela Rosa erausbruecht huet. Rauskomm ass eng Dance-Single déi vu summerleche Party Beats ënnerluescht ass. De Sample vun der Single kënnt aus dem P. Diddy sengem Song "I Need A Girl" wat ville Leit nach misst bekannt virkommen. Definitiv een Track dee Loscht op de Summer an op Festivals mécht.

Aussergewéinleches:

Den James Hype huet international well sou zimmlech all Bün an all Festival gespillt ausser natierlech ee vun deenen allergréissten: den Tomorrowland Festival. Fir de Museker war et ëmmer säi gréissten Dram eng Kéier op der Mainstage kënnen opzeleeën. Dat ass him dann awer och lo am Joer 2022 an d'Rei gaangen an hien ass natierlech fuerchtbar motivéiert do seng Hits ze spillen.

Fréier Hits:

Bekannt ginn ass den James Hype am Joer 2017 duerch säin Dance-Track "More Than Friends" deen haut nach ëmmer an de Playliste vun den Club-DJ'en leeft. Awer och Remixe vu bekannte Sänger a Sängerinnen hunn hien zu dem gemaach wat hien haut ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Nathan Dawe, Felix Jaehn, Lost Frequencies