
© Youtube Screenshot
Haut stelle mer dem Tate McRae seng neiste Single "what would you do?" vir.
Fakten:
Déi 18 Joer al kanadesch Sängerin Tate McRae huet no senge Lidder "she's all i wanna be" a "chaotic" elo déi drëtt Single fir d'Joer 2022 released. Mat "what would you do?" probéiert d'Sängerin ze erklären dass hatt an enger Bezéiung vu sengem Frënd net wierklech gutt behandelt gouf an hatt nach haut doriwwer rosen ass. An der Single séngt et: "Wéi wier et wann ech dir sou wéi géif doe wéis du mir?". Et ass also eng ganz emotional an déifgrënneg Single vun der kanadescher Sängerin.
Aussergewéinleches:
Dës an och all déi aner Lidder aus dem Joer 2022 wäerten dann och um Tate McRae sengem neien Album "I Used To Think I Could Fly" mat drop sinn, deen de 27. Mee wäert erauskommen. Et ass dann och der Sängerin säin alleréischten Album, dee warscheinlech extrem déifgrënneg an emotional wäert sinn.
Fréier Hits:
D'Tate McRae hat säi groussen Duerchbroch mat der Single "you broke me first" am Joer 2020. Nach bis haut gëllt dësen Track als ee vun deene bekanntste vun der Sängerin. Awer och Lidder wéi "that way" oder "she's all i wanna be" dierfen op kenger Setlist méi feelen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:
Alec Benjamin, John K, Fletcher