Den amerikanesche Sänger a Rapper Post Malone huet mat "Cooped Up" endlech rëm eng nei Single released.

Fakten:

Den amerikanesche Rapper Post Malone huet sech eigentlech déi lescht Zäit musikalesch nawell zeréck gezunn. Elo ass hien awer zesumme mam Rapper Roddy Ricch zeréck. Zesummen hunn si d'Single "Cooped Up" erausbruecht, déi déi zweet Single vum nächsten Album "Twelve Carat Toothache" ass. An der Single séngt de Post Malone dann awer och dovunner, dass hie lo rëm opgetaucht ass a mat sengem neien Album warscheinlech eppes ganz Grousses wäert erauskommen. Den Album soll dann den 3. Juni 2022 op de Marché kommen.

Aussergewéinleches:

Den amerikanesche Rapper kann sech dann net nëmmen iwwer ganz nei Musek freeë mee och iwwer säin éischt Kand. De Rapper huet bis elo awer nach net verrode wien d'Mam vum Kand wier, mee et wier kee Promi. De Post Malone huet dann och an engem Interview gesot, dass hien sech a sengem Liewen nach ni esou glécklech gefillt hätt wéi elo.

Fréier Hits:

De Post Malone huet a sengem jonken Alter vu 26 Joer schonn deen een oder aneren Hit geschriwwen. Hei sinn zum Beispill Lidder wéi "rockstar" oder "Sunflower" zu senge ganz groussen Hits ginn an dierfen a kenger Setlist bei senge Concerte feelen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Tyga, SAINt JHN, Desiigner