Haut stelle mer iech déi nei summerlech Single "Move" vun der Band DNCE vir.

Fakten:

Déi amerikanesch Pop-Rock Band DNCE gouf am Joer 2015 ënnert anerem vum Joe Jonas deen ee vun den Jonas Brothers kennt gegrënnt. Mat hirer Debut-Single "Cake By The Ocean" am Joer 2015 hunn si et och weltwäit direkt an d'Charts gepackt. Elo ass DNCE zeréck mat der ganz summerlecher a relaxer Single "Move" déi éischter 70er Vibes huet. D'Single ass perfekt fir dat waarmt Wieder a gutt Stëmmung an huet och Potenzial zum Ouerwuerm ze ginn.

Aussergewéinleches:

Nodeems et säit 2018 zimmlech roueg ëm d'Band DNCE ginn ass, starten si am Joer 2022 awer lo rëm voll duerch. Virun e puer Wochen haten si schonn hier Hit-Single "Dancing Feet" zesumme mam Kygo erausbruecht, déi och mol eng Kéier bësse méi eng elektronesch Säit vun der Band gewisen huet.

Fréier Hits:

Am Joer 2015 ass d'Band dann och direkt vun haut op muer mat hirer deemoleger Single "Cake By The Ocean" international bekannt ginn. 2016 ass dann hire bis elo eenzegen Album "DNCE" erauskomm, deen et och bis an d'Top 20 vun de britteschen Charts gepackt huet. 2022 sinn si dann zeréck mat der Single "Dancing Feet" déi duerch d'Kollaboratioun mam Kygo nach eng Kéier méi berüümt ginn ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Rita Ora, Camila Cabello, ZAYN