Déi italienesch Rock-Band ass zeréck mat enger neier Single a méi poppegen Téin.

Fakten:

Am Joer 2021 huet den Hype ëm déi italienesch Band Måneskin wärend dem Eurovision Song Contest ugefaangen. Hei haten si déi éischt Plaatz mat der Single "Zitti E Buoni" gewonnen.  Elo ass d'Band zeréck mat hirer neister Single "Supermodel". Dës Single ass definitiv manner rockeg a vill méi poppeg wéi dat wat ee soss vu Måneskin gewinnt ass.

Aussergewéinleches:

Måneskin ass eigentlech eng Band déi et well vill méi laang gëtt wéi ee mengt. Duerch TikTok an d'Lidd "Beggin" sinn si allerdéngs weltbekannt ginn a waren op eemol och bei jonke Museksfans richteg ugesot. Den 30. Abrëll 2023 wäerten si dann och an der ausverkaafter Rockhal spillen. Wien Måneskin deemnächst eng Kéier well live gesinn, dee soll sech een Dagesticket fir de Rock am Ring kafen, wou se och den 3. Juni optriede wäerten.

Fréier Hits:

Schonn am Joer 2017 huet déi italienesch Band Måneskin  hiren éischten Album mam Titel "Chosen" erausbruecht, ob deem dann och hir Hit-Single "Beggin'" mat drop war. Awer och d'Lidd "I Wanna Be Your Slave" ass op der ganzer Welt an d'Charts geklommen an huet sech och do zimmlech laang gutt gehalen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Royal Blood, Palaye Royale & My Chemical Romance