Haut stëlle mer der lëtzebuergescher Sänger Marcy seng neiste Single "Waking Up" vir.

Fakten:

Déi 22 Joer al lëtzebuergesch Sängerin Marcy huet virun e puer Wochen seng éischt Single "Johnny" rausbruecht, bei der een och direkt gemierkt huet wéi gär d'Musekerin 80er Sounds a Vibes huet. Elo ass hat zeréck mat senger neier Single "Waking Up" an der hat vun enger toxescher Bezéiung séngt, déi op en Enn geet. Hei geet et dann och ëm d'Muechtspillercher déi wärend sou enger Bezéiung opkomm sinn. D'Marcy freet sech op et géif hëllefen,  wann hat séi Partner géif bestrofen.

Aussergewéinleches:

Och wann d'Marcy nach zimmlech jonk ass, ass hat awer vun der moderner Musek an dem Sound net sou ganz begeeschtert. Hat huet léiwer d'Musek aus den 80er Joren déi vun den Helden aus der Rock a Pop Zeen gepräägt ginn ass. Duerch seng Musek well hat dës 80er Musek nach eng Kéier opliewe loosse fir de jonken dës och schmackhaft ze maachen.

Fréier Hits:

Bis elo huet d'Sängerin just eng Single erausbruecht. D'Single "Johnny" war awer schonn direkt eng Single déi am Ouer hänke bléift a bei der en dann och direkt seng Léift fir d'Musek aus den 80er erkannt huet. Mir si gespaant war an Zukunft nach alles vun der Musekerin wäert rauskommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Olivia Rodrigo, Ava Max, Tate McRae