Déi däitsch-kanadesch Sängerin huet déi nächst Single "Loveback" vu sengem neien Album "S.I.D.E.S." erausbruecht.

Fakten:

De 17. Juni bréngt d'Alice Merton säin neien Album "S.I.D.E.S." eraus op deem d'Sängerin erzielt ewéi hatt déi ustrengend zwee lescht Joer erlieft huet. Et ass quasi e Resumé vun den Emotiounen, de psychologeschen Erausfuerderungen déi hatt huet misse meeschteren, Hoffnung, Confiance an der Erkenntnis, dass een iergendwéi ni richteg ukënnt. Elo ass déi nei Single "Loveback" dobaussen. Hei schreift d'Sängerin dovunner dass hat warscheinlech iergend eng Kéier wäert wakereg ginn a realiséiert, dass eng aner Persoun een Deel vun him ewechgeholl hätt, wat een awer rëm gär zeréck hätt.

Aussergewéinleches:

No sengem Erfolleg mam leschten Album "MINT" huet d'Alice Merton mat "S.I.D.E.S." grouss international Ambitiounen. Mat de Single-Auskopplungen déi bis elo dobausse sinn presentéiert hatt e bësse méi däischteren awer zouversiichtlechen a staarke Sound. Dass hatt Vill Wëlles huet weist och d'Lëscht vu Kollaborateuren um Album op där e puer priméiert Hit-Produzente stinn.

Fréier Hits:

Dem Alice Merton säin Debut-Album "MINT" mat Hits ewéi "Why So Serious" oder natierlech "No Roots" hat international richteg gutt Kriticke kritt an et an e puer Länner wäit vir an d'Charts gepackt. De 17. Juni kënnt dann deen neien Album "S.I.D.E.S." eraus. Wie Loscht huet d'Alice Merton live ze erliewen ka sech op senger Websäit Ticketen fir d'Tournée sécheren!

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Haim, Echosmith, Bishop Briggs & Elle King