Den däitsch-iresche Singer a Songwriter aus der Kelly Family ass zeréck mat enger neier Solo-Single.

Fakten:

Den däitsch-iresche Singer a Songwriter Michael Patrick Kelly huet zesumme mam Rea Garvey seng neiste Single "Best Bad Friend" released. An dëser sangen déi zwee Sänger dovunner, dass een heiansdo ee gudde Kolleeg huet deen een awer och mol a Schwieregkeete brénge kann. Trotzdeem wäert ee richtege Kolleeg dann awer trotzdeem ëmmer fir een do sinn och wann et mol eng Kéier net esou richteg gutt leeft. Eng ganz locker Single déi nawell zimmlech séier am Ouer hänke bléift.

Aussergewéinleches:

Klenge Fun Fact: Am Museksvideo vun der ganz neier Single "Best Bad Friend" ginn de Michael Patrick Kelly an de Rea Garvey vun der Police festgeholl. Dëst ass och schonn a Wierklechkeet geschitt an zwar bei enger Demonstratioun fir Fridden a Mënscherechter.

Fréier Hits:

Am Joer 2021 huet de Michael Patrick Kelly säi leschten Album released, deen hien dann och de 9. September hei zu Lëtzebuerg am Atelier wäert virstellen. Hei sinn dann och Hits wéi "Beautiful Madness" oder "Throwback" mat drop mat deenen hien ee richtegen Hype ausgeléist hat.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

LOTTE, Wincent Weiss, JORIS