Den Jason Derulo ass zeréck mat enger ganz summerlecher Single "Slidin'".

Fakten:

30 Graad, Sonn a gutt Laun, dat probéiert den Jason Derulo mat senger neister Single "Slidin'" senge Fans ze garantéieren. Fir déi nei Single huet den Jason Derulo sech mam amerikanesche Rapepr Kodak Black zesummegedoen an doraus ass eng wierklech cool Single entstanen déi direkt Loscht op Party an de Summer mécht. Wéi een et vum Jason Derulo senge leschte Lidder scho kennt, ass och dës Kéier rëm ee Refrain dobäi dee wierklech direkt am Ouer hänke bléift an een direkt d'Single erëmerkennt.

Aussergewéinleches:

Den Jason Derulo huet dann och op senge soziale Medie matgedeelt, dass wann ee wëll a sengem neie Museksvideo vun der Single mat dobäi sinn, dass een op TikTok d'Lidd als Musek bei engem Video benotze soll. Hei ginn dann déi beschte Videoen an Dänz erausgesicht an déi kéinten da ganz exklusiv zesumme mam Jason Derulo den neie Museksvideo fir "Slidin'" dréinen.

Fréier Hits:

Den Jason Derulo ass duerch Lidder wéi "Savage Love" oder "Acapulco" bekannt ginn. Och d'Videoplattform TikTok huet him gehollef nach méi Fans ze erreeche vue dass een op seng Lidder ëmmer rëm gutt danze kann. Falls een sech eng Kéier net sollt sécher sinn ob d'Lidd wierklech vun him ass, da muss een einfach just oppassen ob den Jason Derulo net säin Numm am Ufank eng Kéier séngt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Taio Cruz, Flo Rida, Will.i.am