Déi schwedesch Rock-Band Mando Diao huet no 2 Joer Paus lo endlech rëm nei Musek erausbruecht.

Fakten:

Déi schwedesch Rock-Band Mando Diao huet no enger Paus vun 2 Joer elo eng ganz nei EP "Stop The Train, Vol. 1" erausbruecht op der dann niewend 3 anere Lidder och d'Single "Frustration" mat drop ass. Déi nei Single "Frustration" ass awer wesentlech méi poppeg a souguer bëssen elektronesch. Et ass op jiddefalls ee bëssen anere Sound wéi een dat vun der schwedescher Band gewinnt ass.

Aussergewéinleches:

Am Joer 2020 huet d'Band een Album komplett op Schwedesch released gehat, deen allerdéngs ausserhalb vu Schweden net esou ganz gutt ukomm ass. 2019 war den Album "Band" erauskomm, deen si dann och den 1. Juli zu Wolz um Festival de Wiltz wäerte virstellen. Hei ass dann och déi lëtzebuergesch Indie Band Tuys als Virgrupp mat dobäi.

Fréier Hits:

Mando Diao si warscheinlech mat der Single "Dance With Somebody" op der ganzer Welt bekannt ginn a dës dierf dann och op kenger Party an der Playlist feelen. Awer och Lidder wéi "Down In The Past" oder "God Knows" gehéieren dann och zu all Setlist bei hire Concerten.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Hives, Sunrise Avenue, The Subways