De britteschen DJ Calvin Harris huet sech fir seng neiste Single mol rëm eng Kéier e bëssen Hëllef vun anere Musek geholl.

Fakten:

5 Joer si vergaange säit de britteschen DJ säin leschten Album "Funk Wav Bounces Vol.1" erausbruecht huet. Dëst Joer soll dann endlech de Nofollger vun dësem Album also de "Vol.2" op de Marché kommen. De Calvin Harris huet elo mat "Potion" zesumme mat der Sängerin Dua Lipa an dem Rapper Young Thug déi éischt Single-Auskopplung "Potion" released, déi eng relax an trotzdeem elektronesch Single ass déi gewëssen Elementer aus Funk, Elektro a Pop zesummebréngt. Et ass op jiddefalls eng Single déi an de Summer passt an definitiv zu der richteger Zäit am Joer rauskomm ass.

Aussergewéinleches:

Vue dass den Calvin Harris eigentlech guer net esou vill Albumen erausbréngt, huet hien awer lo an engem Interview verroden, dass dat dorunner kéint leien dass hie wierklech réischt Lidder erausbrénge géif wann se fir hien absolut perfekt a fäerdeg wieren. Hien wéilt nämlech net dass seng Lidder trotzdeem rau a net iwwerproduzéiert wiere, mee einfach perfekt.

Fréier Hits:

Den 38 Joer alen DJ aus Groussbritannien huet 2006 ugefaange Musek ze maachen an huet ëmmer rëm fir vill Hits gesuergt. hei gehéieren da Lidder wéi "How Deep Is Your Love" "Feel So Close" oder "Promises" déi bis haut zum Museker senge ganz groussen Hits gehéieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

The Chainsmoker, Jax Jones, Daft Punk