Fakten:

Den jamaikanesche Rapper a Sänger Sean Paul misst zimmlech jidderengem ee Begrëff sinn, deen an deene leschte Joren an engem Club war. Seng riseg Hits "She Doesn't Mind"  oder "Got To Luv U" aus dem Joer 2012 gehéieren an all gutt Playlist a suergen direkt fir summerlech Good-Vibes. Elo huet hien zesumme mat der amerikanescher Sängerin Gwen Stefani an der brittescher Musekerin Shenseea zesummegedoe fir d'Single "Light My Fire" ze releasen. Dës Summer-Single ass dann och um Sean Paul sengem neien Album "Scorcha" mat drop dee viru kuerzem erauskomm ass.

Aussergewéinleches:

An dësem Summer wäert de Reggae-Sänger Sean Paul dann och rëm eng Rei Concerten a Festivalle spillen. Den 3. Juli spillt hien zum Beispill an der Rockhal wou hien dann och säin neien Album wäert presentéieren. Awer och um Summerjam Festival zu Köln wäert de Museker dëst Joer als Headliner optrieden.

Fréier Hits:

De Sean Paul ass am Joer 2012 esou richteg duerchgestart an huet mat Lidder wéi "Got To Lov U" oder "She Doesn't Mind" Hits geschriwwen, déi nach haut 10 Joer méi spéit a kenger Party-Playlist dierfe feelen. Seng Hits sinn eigentlech déi perfekt Stëmmungs-Lidder an all Disko.

Wann iech dat gefält, da sinn dës KënschtlerInnen och eppes fir iech:

Mr. Vegas, Shaggy, Beenie Man