Haut presentéiere mir iech e fonkelneie Remake vun engem ale Klassiker!

Fakten:
D'Sängerin Anne-Marie huet mat der Rapperin Latto zesummegeschafft an den Track "I Just Called" erausbruecht. Produzéiert gouf de Song vum schwedeschen Duo NEIKED. Bei de Wierder "I Just Called" dierfte verschiddener vun iech direkt "...to say I love you" hannendru sangen. An effektiv hunn d'Anne-Marie, d'Latto an NEIKED sech un de Stevie-Wonder-Klassiker aus dem Joer 1984 erugetraut. An der 2022er-Versioun heescht et am Refrain awer net "I Just Called To Say I Love You" mee "I Just Called To Say I Hate You / I Just Called To Say That I've Moved On / I Just Called To Say This Is The Last You'll Be Hearing From Me" - Wierder déi ganz kloer a Richtung Ex geriicht sinn.

Aussergewéinleches:
"I Just Called To Say I Love You" war de Soundtrack vum Film "The Woman in Red", deen 1984 erauskomm ass. Gläichzäiteg war et déi zweet-meescht-verkaafte Single vum Joer an déi drëtt-meescht-verkaafte Single vum Joerzéngt a Groussbritannien.

Fréier Hits:
Mat Lidder ewéi "Alarm", "Ciao Adios", "2002" oder dem Nummer-1-Hit "Rockabye" zesumme mat Clean Bandit hat d'Anne-Marie schonn eng ganz Partie erfollegräich Releases. D'lescht Joer am Summer huet déi brittesch Musekerin den aktuellen Album "Therapy" ("Don't Play", "Kiss My (Uh Oh)",...) erausbruecht. NEIKED kennt een ënnert anerem vu "Sexual" oder "Better Days". Déi amerikanesch Kënschtlerin Latto ass viru kuerzem mam Song "Big Energy" viral gaangen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Jess Glynne, Ella Henderson, Zara Larsson a Little Mix