Haut presentéiere mir iech déi nei Kollaboratioun vum Felix Jaehn an dem Zoe Wees!

Fakten:
No sengem Erfolleg mat "Rain In Ibiza" zesumme mam Calum Scott ass de Felix Jaehn zeréck mat engem neie Song. Zesumme mam Zoe Wees huet den däitsche Produzent d'Single "Do It Better" erausbruecht. Déi Zwee si gutt befrënnt an hate "richteg vill Spaass" bei der Opnam, esou d'Zoe Wees a sengem Newsletter. Wéi meeschtens bei Tracks vum Felix Jaehn huet de Song eng poppeg Top-Line. Donieft erwaarden iech eng summerlech House-Bassline a Lyrics déi motivéieren: "The things that I do, boy, you could never / 'Cause at the end of the day, I'll do it better"! Fir d'Zoe Wees ass et no "Love Me Now" mam Kygo deen zweeten Ausfluch an d'Welt vun der elektronescher Musek.

Aussergewéinleches:
Mat senger Debut-Single "Control" huet d'Zoe Wees der ganzer Welt seng éierlech Emotioune gewisen. Am Song séngt hatt iwwert säin deegleche Kampf mat Panikattacken a senger Epilepsie an ass domat bannent kuerzer Zäit zum internationale Star ginn. Am Mäerz an Abrëll huet d'Sängerin dann och seng alleréischten Tournée duerch Däitschland gespillt. Am August wäert hatt dann och zwou Shows an de States spillen, ënnert anerem am legendäre Bowery Ballroom zu New York. Den 10. an 12. Juli wäert d'Zoe Wees als Support-Act vu Coldplay zu Berlin optrieden an de 15. November kënnt dir hatt live hei zu Lëtzebuerg am Atelier erliewen!

Fréier Hits:
Quasi alles wat de Felix Jaehn produzéiert gëtt en Hit. Hei just e puer Beispiller aus deene leschte Joren: "I Got A Feeling", "One More Time", "I Just Wanna", "Close Your Eyes", "Hot 2 Touch", etc.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:
Robin Schulz, Lost Frequencies, Alle Farben & Leony