Haut stelle mer déi nei Single vum John Legend zesumme mam JID vir.

Fakten:

Fir déi neiste Single huet sech den amerikanesche Singer a Songwriter John Legend mam Rapper JID zesummegedoen. Den JID huet jo och schonn mat der Band Imagine Dragons zesummegeschafft bäi der Single "Enemy". Lo huet hien awer zesumme mam John Legend d'Single "Dope" erausbruecht, déi poppeg mat villen Funk Elementer opgebaut ass. Doraus entsteet eng Single déi immens "easy-listening" ass an fir de Summer perfekt passt.

Aussergewéinleches:

Den John Legend huet a senger laangjäreger Karriär dann och schonn 13 Grammys gewonnen. Am Joer 2022 war hie mol eng Kéier net nominéiert an trotzdeem war hie fir eng Live-Performance invitéiert. Bei de 64ten Grammys huet hien dann seng Single "Free" gesongen an dat zesumme mat der ukrainescher Musekerin Siuzanna Iglidan vue dass deemols de Krich an der Ukrain ugefaangen hat. Den John Legend kennt iwweregens och hei op Lëtzebuerg an dat de 6. Juli 2022 an der Rockhal.

Fréier Hits:

Dem 43 Joer ale Museker säi gréissten Hit ass wuel d'Single "All Of Me" mat dem hien op der ganzer Welt bekannt ginn ass. Awer och seng vill aner Hits hunn aus him ee vun deene gréisste Sänger an der moderner Zäit gemaach. net vir näischt huet den John Legend schonn 13 Grammys a vill aner Präisser gewonnen.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Maxwell, Alicia Keys, Anthony Hamilton