Haut stelle mer déi nei Single vum franséischen DJ a Produzent HUGEL zesumme mam Benjamin Ingrosso vir.

Fakten:

De franséischen DJ a Produzent HUGEL ass zu Marseille opgewuess an huet a senger Karriär schonn déi eng oder aner Gold- a Platin-Auszeechnung gewonnen. No sengem Duerchbroch mat der Single "I Believe I'm Fine" zesumme mam Robin Schulz huet hien elo seng nei Single "Black & Blue" released. Dës Kéier huet hie mam schwedesche Sänger Benjamin Ingrosso zesummegeschafft. Aus der Zesummenaarbecht ass eng relax R&B Single entstanen, déi mat funky Dance-Beats ënnerluecht ass.

Aussergewéinleches:

Den LOA Festival ass säit 2019 feste Bestanddeel vun der lëtzebuergescher Museks- a Festivalzeen. Hei triede bei all Editioun rëm eng ganz Rei international DJ'en op an dëst Joer ass et dann och de franséischen DJ HUGEL dee Freides zesumme mam Felix Jaehn wäert hei opleeën.

Fréier Hits:

Zu deene bekanntste Lidder vum franséischen DJ gehéiere Lidder wéi "Coming Home" aus dem Joer 2015, I Believe I'm Fine zesumme mam Robin Schulz sou wéi och "WTF" déi och nawell zimmlech laang an den Charts ënnerwee war. Seng leschte Single "Back To Life" huet den DJ am Joer 2021 erausbruecht.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Felix Jaehn, Avicii, Kungs