No enger Paus ass déi amerikanesch Rock-Band Panic! At The Disco endlech rëm mat neier Musek zeréck.

Fakten:

2004 huet sech d'Band ronderëm de Lead-Sänger Brendon Urie gegrënnt an huet hiren Uersprong als High-Shool Band. Nodeems et 4 Joer zimmlech roueg ëm d'Band ginn ass, sinn si awer elo mat enger ganz neier Single "Viva Las Vengeance" zeréck. Dës summerlech Power-Single wäert dann och um neien Album mat drop sinn, deen den 19. August soll op de Marché kommen. Am Joer 2023 wäert d'Band dann och live op Tournée ze gesinn an héiere sinn. Bis elo ass awer nach leider keen Datum hei a Lëtzebuerg ugekënnegt ginn, dofir awer Köln, Hamburg a München.

Aussergewéinleches:

Vue dass Panic! At The Disco lo net immens begeeschtert si vu soziale Medien, hunn si och wärend hirer Paus zimmlech näischt op hir Plattforme gesat. Fir déi nei Single unzekënnegen hunn si sech trotzdeem eppes ganz Spezielles afale gelooss, an zwar verschidde verschlësselt Fotoen an Undeitunge gemaach, bis d'Fans da rausfonnt haten, dass eng nei Single géif kommen.

Fréier Hits:

Der Band hire gréissten Hit bis elo ass warscheinlech d'Single "High Hopes" aus dem Joer 2018 déi international iwwerall an den Charts vertruede war a bis haut op kenger Party feelen dierf. Duerch d'Plattform TikTok ass dann awer och rëm den Titel "House of Memories" an de Virdergrond geroden, obwuel dës Single schonn 2016 erauskomm war.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

Fall Out Boy, My Chemical Romance, Paramore