De belschen DJ huet dës Kéier rëm mat engem Sänger zesummegeschafft an eng relax Party Single produzéiert.

Fakten:

Den 28 Joer ale belschen DJ Lost Frequencies huet am Joer 2011 ugefaange selwer Musek ze produzéieren. Hautzedaags steet hien op deene ganz grousse Bünen op de weltbekannte Festivallen. Elo ass hien awer mat enger bësse méi relaxer Single zesumme mam Sänger James Arthur zeréck. Et ass eng Pop-Dance Single déi perfekt an de Summer passt, wann een nach owes zum Beispill relax op der Terrasse setzt an den Owend ausklénge léisst.

Aussergewéinleches:

De jonke belschen DJ wunnt net ganz wäit wech vu Lëtzebuerg, wat dann och mat sech bréngt, dass hien an deene leschte Joren déi eng oder aner Kéier och hei am Land opgeluecht huet. Fir de Rescht ass hien dann awer éischter op deene ganz groussen Events ënnerwee.

Fréier Hits:

Zum Lost Frequencies senge ganz groussen Hits gehéiere Lidder wéi "Where Are You Now" oder "Are You With Me" déi bis haut nach a kengem Set vun him dierfe feelen a scho richteg EDM Hymne gi sinn.

Wann iech dat interesséiert, da sinn dës Kënschtler*innen och eppes fir iech:

DJ Snake, The Chainsmokers, Sam Feldt